E grousse Gest vum HB Diddeleng

No dem flotten Trainingsdaag vum Jugendberäich zesummen mat der Härenequipe vum HBD, huet den Initiator an Kapitän vun den Hären der Fondatioun Kriibskrank Kanner e Cheque vun 2.020€ liwweregt. Sämtlech Einnamen vun der Jugendkommissioun an vum Comité, zesummen mat den Doen vun eise Memberen an vun eisen éischt Hären sinn gespent ginn fir dëse Betrag zesummen ze kréien. Mär sinn houfreg och e klengen Deel dozou bäigedroen ze hunn fir dësen Kanner e bëssen hëllefen ze kennen !
HBD e Liewensgefill!