Maison Relais vu Réimech ënnerstëtzt d’Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Kader vum alljäerleche Chrëschtbasar, wou d’Kanner hir gebastelt Saache verkaf hunn, konnten d’Elteren an d’Kanner och eng Spend un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner maachen. Viru kuerzem war d’Scheckiwwerreechung wou d’Kanner an d’Personal de Betrag vun 300 € iwwerreecht hunn. Merci fir déi flott Initiativ.