Motoclub Mad Jesters Lëtzebuerg ënnerstëtzen d’Fondatioun Kriibskrank Kanner

Kierzlech huet de Motoclub Mad Jesters Lëtzebuerg ee Scheck vu 500 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Dëse Betrag setzt sech zesummen aus dem Benefice vun der 4. Mad Jesters Party a vum „Eis Waasser Grillen“ déi de Club organiséiert haten. De Betrag ass duerch perséinlech Donen vun de Memberen vum Club opgerënnt ginn. Ee grousse Merci fir d’Generositéit.