Stee vum Club des Jeunes Bettenduerf fir de gudden Zweck

Am Kader vun der Kiermes zu Bettenduerf huet de Club des Jeunes ee Spill organiséiert wou d’Leit eppes fir de gudden Zweck steeën konnten. Dobäi ass de Betrag vun 350 € zesumme komm. Während der Generalversammlung huet de Club des Jeunes Bettenduerf e Scheck vun 350 € un d’Fondatioun iwwerreecht. Merci fir déi flott Iddi an den Engagement vum Club des Jeunes.