De Club des Jeunes vun Useldeng spend 3.000€

Den « Club des Jeunes vun Useldeng » invitéiert d’Léit normalerweis all Joer op hiert traditionellt Buergbrennen, mee leider huet de Covid-19 hinnen och hei e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
Och déi Jonk leiden ënnert dësen Aschränkungen, a sie hunn sech gefrot wéi et deene Jonke muss goen, déi an dëser Situatioun och nach musse géint eng schwéier Krankheet kämpfen.
Dofir huet de Club des Jeunes vun Useldeng dëst Joer decidéiert Buergsamschden den 20. Februar net, wéi déi aner Joren, « mat hirer Buerg duerch Duerf » ze goen, mee just a klenge Gruppe vun Haus zu Haus.
Déi wou wollten, konnten hinnen ee klengen Don maachen, deen sie am Zesummenhang mam internationale Kannerkriibsdag vum 15. Februar, integral un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent hunn!
Dobäi hu sie 2.400€ agesammelt a soe Jidderengem e grousse Merci fir all Don! Sie als Club wollten awer och nach e klenge Geste maachen an
hunn de Montant ob 3.000€ opgeronnt.

Hire Motto war dobäi „Hëlleft eis Jonken, anere Jonken ze hëllefen!“ www.fondatioun.lu