Déifferdenger Kaeschtefrënn spenden 12.600 €

„Och dëst d’Joer hunn Kaeschtefrënn vun Déifferdeng hir Kaeschte verkaf, wann och net a gewinnter Form.
Sie hunn mat Hëllef vun hirer Gemeng an der Acom iwwert ee puer Deeg an der Woch konnten ee Stand mat hire Kaeschte garantéieren.
Mat ganz vill Ansatz a Freed hunn sie an engem spezielle Joer et awer fäerdeg bruecht fir puer Associatioune mat hirem
Verkaf kënnen ze ënnerstëtzen.
D’Fondatioun Kriibskrank Kanner huet ee ganz generéise Scheck vun 12.600.- € vun den Déifferdenger Kaeschtefrënn iwwerreecht kritt.