D’Mara an d’Fiona spenden 1960.-€

D’Mara Cruciani an d’Fiona Wagner hunn zesummen de Projet  » Crochet et Dessin solidaire » an d’Liewe geruff. Dëst Joer huet Mara « Campagne Poldi » zesummen mam Fiona gestart an et sinn vill Poldien gehéckelt an och flott Biller gemoolt ginn fir de gudden Zweck. Des flott d’Saachen sinn dann och ganz séier vun de d’Leit kaf ginn déi des flott Campagne wollten ënnerstëtzen. Esou ass déi stolz Zomme vun 1.960.-€ zesumme komm déi un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn ass. Dësen generéisen Don hunn d’Mara an Fiona op d’Course Lëtz Go Gold 2021 gesat wou sie och eng Equipe opgemaach hunn.
Dem Mara an Fiona läit et um Häerz dass d’Recherche vum Kannerkriibs ënnerstëtzt muss ginn, well nëmmen esou ass et méiglech besser Traitementer ze entwéckelen. www.fondatioun.lu