Maison Relais Gaffelt vun Diddeleng spent un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Kader vun der Expo/Art an der Maison Relais Gaffelt zu Diddeleng wou d’Kanner hier Konschtwierker ausgestallt hunn, ass de Benefice vum Verkaf un 2 Organisatioune gespent ginn: un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner an un Amiavy. Viru kuerzem war eng kleng Feierstonn wou d’Fondatioun Kriibskrank Kanner de Betrag vun 350 € a Presence vu den Gemengevertrieder iwwerreecht krut. Merci fir des flott Initiativ.