Military Veterans Associatioun spenden 1000€

“Luxembourg Military Veterans Associatioun A.s.b.l ass den 01.Mai 2019 gegrënnt gi vun Ex-Zaldoten déi gedéngt
hunn ënnert dem Fändel vum Grand-Duc Jean an dem Grand-Duc Henri sou wéi an der Lëtzebuerger Arméi, déi un In an
Auslands Missioune fir de Frieden an Humanitären Hëllef deel geholl hunn. Eng vun hire Motivatiounen ass
„ An gudde wéi a schlechten Zäiten zesummen ze stoen, a keen eleng ze loossen. „

Luxembourg Military Veterans Associatioun A.s.b.l. huet decidéiert der Fondatioun Kriibskrank Kanner
ee Scheck vun 1000.-€ ze spenden, well sie kenne gutt matfille wéi vill Leed d’Familljen a Kanner erdroe
mussen, an dat et keen einfache Wee ass fir sie.