The Happy Man Project sammelt Spenden

D’Initiative « The Happy Man Project » ass wéi esou vill gutt Ideen op engem méi laangem Owend entstanen.
Den Tom Picard wollt seng Idee vun engem Hike relativ schnell ëmsetzen a war sech och vu vir eran eens, dass
et net just fir naischt wäer. Sou huet den Tom „The Happy Man“ an d’Liewe geruff.

Hien huet sech dunn op de Wee gemaach an ass ënnert anerem an engem Clownekostüm vun Iechternach
bis op Köln getrëppelt an dobai och Geld fir de gudden Zweck gesammelt, a konnt doduerch e puer Organisatiounen ennerstëtzen.

Mee dat alles geet dem Tom nach net duer an hien hängt nach den „Tour de Lëtzebuerg“ drun an trëppelt
weider fir Spenden ze sammelen – des Keier fir d’Fondatioun Kriibskrank Kanner.
En immensen a bessi verrëckten Kärel mam Häerz um richtegen Fleck!