De Luca Arensdorf ass ee Jong vun 10 Joer deen een ganzt grousst Häerz huet. Hien huet sech an sengem jonken Alter schonn mam Thema Kriibs auserneen gesat. De Luca wollt de Kanner hëllefen deenen et leider net esou gutt geet. Hien huet mat senger Mamm der Mme Sheila Fanelli , senger Giedel an der Boma seng Auto verkaf mat deenen hien net méi gespillt huet, mee awer och fir Chrëschtdeeg mat der Famill Arrangementer gebastelt déi dunn och all verkaf ginn sinn. De Luca an seng Famill hunn dunn hir Kollekte vun 450.-€ un Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.