Boutique Richy spent 8.663,92€

Wou zu Lëtzebuerg Pandemie ukomm war, an mir all confinéiert ginn sinn, war dat ee grousse Schock fir all Mënsch, an keen wosst wou dat alles sollt hin goen. Mir hunn missten vun Haut op Muer Masken droen.
Madamm Nadine Berend, Patronne aus der Boutique Richy, ee Geschäft dat et schonns iwwer 40 Joer an der Stadt gett, huet sech et net huelen gelooss fir hiren Clienten an awer och all Mënsch ze hëllefen mat engem Projet deen sie op d’Been gesat huet. Mat der Ënnerstëtzung vun hirer Tatta der Madamm Henriette Schroeder-Berg déi fir hiert d’Liewen gären bitzt, hunn sie Masken fir Grouss an Kleng gebitzt déi och nach ganz moudesch an flott waren. Mee domadder net genuch, et sinn och Masken fir d’Familljen an Kanner vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner gebitzt ginn, fir hinnen déi gratis zur Verfügung ze stellen.
D’Boutique Richy huet un hir Clienten an un d’Leit déi wou déi flott Masken siche komm sinn bei sie, een Opruff gestart, ee klengen Don un Fondatioun Kriibskrank Kanner ze maachen.
An esou konnt an engem ganz flotte Kader ee ganz generéisen Scheck an Héicht vun 8.663,92€ un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht ginn.