Charity Ride 2021

Ënnert dem Numm „Charity Ride“ huet eng Equipe Frënn sech e groussen Challenge virgeholl : se sinn mam Vëlo vun Lëtzebuerg an Italien gefuer an dobäi nach 2 Organisatiounen am Beräich Kannerkriibs ënnerstëtzt!
Bei engem gudde Patt an Iessen kommen bekanntlech déi beschten Ideen, an esou war et och beim Matteo an Vinc. Sie hunn sech ee groussen Challenge virgeholl an zwar vun Lëtzebuerg an Italien ze fueren mam Vëlo. Fir déi 1.600 Km am Suedel awer net einfach esou ze fueren, hunn den Matteo an de Vinc dorausser hiren Matteo&Vinc Charity Ride gemaach an sinn esou déi laang Stréck fir den gudden Zweck gefuer. Sie hunn sech op deen groussen Challenge awer missten richteg virbereeden an sinn sech een vun de beschten sichen gaangen, deen si sollt trainéieren. Dat war keen aneren wéi den Frank Schleck. De Frank huet hinnen ee ganz strammen Trainingsprogramm operluergt. Den Matteo an de Vinc hunn deen mat Bravour gemeeschtert, well si sinn mat der Ënnerstëtzung vum Frank an natierlech och vun hiren Familljen an Frënn gesond an monter an Italien ukomm.
Sie hunn op hirem Charity Ride 25.000€ gesammelt, wou een wierklech den Hutt muss zéien. Den Matteo an den Vinc hunn hir Spenden geholl, an hunn 12.500 Euro fir Associatioun AGAPE an Italien gespent. AGAPE ass eng Associatioun déi sech an Italien kléng Kriibspatiente betreit an dat motivéiertem an professionellem Personal. Deen zweete Schéck an Héicht vun 12.500 Euro ass un Fondatioun Kriibskrank Kanner gaangen, an zwar fir deenen hier Fuerschungsprojete z’ënnerstëtzen. Mat der Spend kréien hoffentlech kriibskrank Kanner eng besser Chance op Heelung. Mir soen dem Matteo an Vinc ee ganz grousse Merci an mir freeën eis op deen nächsten Challenge vun hinnen zwee.