D’Schoulkanner aus dem Cycle 1 aus der Schoul Aloyse Kayser vum Belair hunn op hirem Wantermaart mat ganz vill Engagement an Freed ee Stand gemaach wou sie ganz vill flott Saachen verkaf hunn. D’Kanner hunn dunn decidéiert dass hiren Erléis fir eng gutt Saach géif gespend ginn an hunn mat der Ënnerstëtzung vun hirem Schoulpersonal dunn der Fondatioun Kriibskrank Kanner konnten ee Scheck an héicht vun 1.500.-€ iwwerreechen.