No dem immense Succès vum Naïla sengem flotte Kachbuch ass et zu enger 2. Oplag komm, fir der grousser Nofro gerecht ze ginn. Doduerch sinn nees eng 1.155 € zesumme komm, déi d‘Naïla un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht huet. Een décke Merci fir dee ganz flotten a léiwe Geste.