D’Frënn vum Jousefshaus spenden un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner

Dëser Deeg hunn d’Frënn vum Jousefhaus mat grousser Freed e Scheck vun 1200 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. Am Kader vun engem Amerikaneschen Owend am Restaurant Kohn zu Altwies, ass eng Tombola organiséiert ginn, wou den Erléis un d‘Fondatioun gaangen ass. Merci fir deen generéisen Don.