Een Duerf vun Holzhaisercher

Een Duerf vun Holzhaisercher fir de gudden Zweck!
Madamm Danielle Ney huet fir Chrëschtdag aus alen Holzkäfere ganz flott Haisercher gemoolt. D’Idee fir dee Projet ze maachen ass éischter spontan zustane komm, well wann een esou a sengem Bekanntekrees kuckt, si mir all irgendwéi mam Thema Kriibs konfrontéiert.Eng Krankheet déi ee groussen Impakt op eng ganz Famill hellt, an zoumols wann déi Krankheet dann och nach bei Kanner ausbrécht.
An esou war séier decidéiert dass de Verkaf vun deenen Haisercher engem karitative Projet zegutt komme soll. Déi stolz Zomm vun 1.260.-€ ass zesumme komm déi Danielle Ney der Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent huet.