Een Iessen zu Gonschten vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner

Viru kuerzem huet, Madamm Margarida Gouveia an hier Famill, all hier Frënn a Bekannten op e grousst Iessen an dem Café Benfica zu Diddeleng agelueden,
wou duerno nach eng Fuesparty war.
Et waren 166 Gäscht zesummen komm, wou Madamm Gouveia vun all Iessen eng kleng Zomme un  » Fondatioun Kriibskrank Kanner  » gespent huet.
Madamm Margarida Gouveia an hiert Meedchen dem Cindy Gouveia konnten no enger kurzer Usprooch vum Romain Henrion ee Bénévol vun
der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck mat der stolzer Zomme vun 2350.-€ iwwerreechen .