Schoulprojet vun der 2GCG aus dem LCE fir Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Kader vun engem Schoulprojet hunn dräi Schülerinne vun der 2GCG aus dem Lycée Classique vun Iechternach de Grupp “Mëllerdallsprojet LCE” gegrënnt. Beim « Mäerchentour am Mëllerdall” konnten sie am Abrëll 2018 an Zesummenaarbecht mam Touristcenter « Heringer Millen » e Benefice vu 500€ erwirtschaften. D’Schülerinne Xiomara Luca, Gwendy Zeimetz a Sandy Coelho ware stolz dëst Geld der “Fondatioun Kriibskrank Kanner“ iwwerreechen ze kënnen.