De Matteo, de Yann an de Max spenden 350.-€

Kavalkaden sinn och dëst Joer all ofgesot ginn, mee dat huet den Matteo, de Yann an de Max net vun hirer Idee ofbruecht eng Mini-Kavalkad an bëssen eng anerer Form ofzehalen. Esou hunn déi dräi Jongen sech mol an hiren flottsten Fueskostüm geheit an sinn zu Esch duerch Stroossen gaangen fir de Leit awer ee puer Séissegkeeten ze verdeelen an hinnen esou ee flotten Moment ze erméiglechen. Hiren Public war esou begeeschtert, dass eis dräi Jongen mat klengen Donatiounen belount ginn sinn. De Matteo, de Yann an de Max wollten hiren Erléis awer fir een gudden Zweck spenden.
Sie hunn der Fondatioun Kriibskrank Kanner een Don vun 350.-€ iwwerrecht. www.fondatioun.lu