Kanner vun Konsdref spenden hir Kollekt vun Liichtmëssdag

Kanner aus der Iechternacherstrooss vun Konsdref sinn liichte gaangen an wollten hir Kollekt awer
net fir sech behalen. An dësen méi schwéieren Zäiten hunn déi jonk Leit och un d’Kanner geduergt,
deenen et net esou gutt geet an déi och net kënnen un Traditiounen wéi Liichtmëssdag deel huelen.
Esou hunn sie decidéiert ee Don vun 140.09 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner ze spenden,
an esou hir Solidaritéit mat de kranken Kanner ze weisen.